Sonja Franziska Schröter

 

Als Diplom-Psychologin begleeden ech Mënschen op hierem Liewenswee. Meng Attitud: meng Wierder kënnt dir als Suggestioun verstoen, dir kënnt se uhuelen oder ofleenen, well nëmmen dir wësst wat zu engem gewessen Zäitpunkt fir Iech richteg oder hëllefräich ass. Ech schaffen mat neurdivergenten an neurotypischen Mënschen zesummen an hunn an de leschten 20 Joer mat Leit am Alter tëschent 15 a 65 Joer geschafft.


A mengem Beruffsliewen hunn ech Mënschen mat oder ouni Handicap, souwéi mat oder ouni Diagnos begleed. Zesummen hu mir, ënner anerem, no Léisungen an anere Perspektive gesicht fir e frëndlechen Ëmgang mat sech selwer ze fërderen. Ech begleeden d’Leit gär an hirem Prozess vun der Verännerung mat dem But, sech selwer, souwéi vis-à-vis vun anere Leit besser a méi wuel ze fillen.


Meng Aarbecht baséiert op verschidden therapeutesch Verfaren an ech kucken individuell wat fir eng Interventioun fir Iech hëllefräich wier.


Als Noutfallpsychologin offréieren ech Kriseninterventioun. Wann Dir eppes rezent erlieft hutt wat eng schwéier Situatioun duerstellt, wéi zum Beispill Gewalt erlieft oder gesinn hutt, en Accident, eng Naturkatastroph, eng Großschadenslage, de Suicide vun enger Iech nostoender Persoun,etc., dann sollt een doriwwer schwätzen. Waart net ze laang, kontaktéiert mech, a mir versichen ze evitéieren dat sech eng Stéierung etabléiert.


D’Seance dauert 50 Minutten a kascht 110€ (net rembourséiert vun der CNS)


Ech bidden och Gruppe fir d’Stäerkung vun der Resilienz un. Zesummen an der Grupp maache mir Exercicë fir eis Resilienz ze stäerken. Mir kënnen all un eiser Resilienz schaffen. Dobai versiche mir, d‘Akzeptanz, d‘Vertrauen, den Optimismus, d‘Geloossenheet, den Humor, d‘Verbonnenheet an d‘Selbstwirksamkeet ze verbesseren. Kontaktéiert mech fir weider Informatiounen.

Ech freeë mech Iech kennenzeléieren.

 Sonja Schröter